Esch.lu
Ëmfang vun der Aarbecht
-
UX-Design
- Einfach Navigatioun fir all d‘Zilgruppen.
-
Web-Design
- En neien Design baséiert op der aktueller visueller Identitéit.
-
Entwécklung
- Eng WordPress-“Multisite“-Installatioun déi fir all zukünfteg Projete benotzt gëtt.
Alles Wichteges op ee Bléck
Wann ee Benotzer op d’esch.lu-Websäit geet, huet e véier verschidde Méiglechkeeten, sou datt mir kënne garantéieren datt jidderee seng spezifesch Besoinen erfëllt kritt. Et kann een déi ganz prominent Sich benotzen, decidéiere méi wäit an de City-Life- oder an den Administratiouns-Site anzedauchen, oder erof ze scrollen an erauszefanne wat Esch-Uelzecht ze bidden huet.
City Life an Administratioun
E lokalen Awunner, deen no Kontaktnummeren oder ganz spezifeschen Dokumenter sicht, huet aner Bedierfnesser wéi eng Persoun, déi wësse wëll, wat se zu Esch-Uelzecht wärend enger Visitt maache kéint. Zwee Sitte mat ënnerschiddlechen Inhalter a Looken, verlinkt vun enger gemeinsamer Startsäit a verbonne mat enger säitlecher Navigatioun, déi dem Benotzer d’Méiglechkeet gëtt, zréck op d’Haaptinformatioune vun der Startsäit a Form vu Panneauen ze kommen.
Besicht de City-Life-Site oder Administratiouns-Site.
Handy
Wann een eng Stad besicht, oder séier Informatiounen als Awunner kucke wëllt, maache Benotzer dat meeschtens mat Tablet oder Smartphone. Mir hunn alles gemaach, fir datt dëst Erliefnes sech esou gutt ewéi méiglech uspiert.